Aller au contenu

Endlech - De Podcast vum Trauerwee

1000deeg – Episod 41

Wéi erliewe Kanner Trauer, a wéi ënnerscheet se sech vun där vun Erwuessenen? An dëser Episod schwätzt d’Simone Thill, Grënnerin vun der ASBL Trauerwee, iwwert hir perséinlech Rees duerch d’Trauer, d’Wichtegkeet vun éierlecher Kommunikatioun mat Kanner an d’Bedeitung vu Ritualer a geschützte Raim. Eng inspiréierend Episod iwwer Hoffnung, Stäerkt an Zesummenhalt an der Famill.

#1 Eis Geschicht

An der éischter Folleg gi mir der Fro no:

Firwat gëtt et den Trauerwee?

Dem Simone Thill a Christiane Rassel hier perséinlech Geschicht waren d’Motivatioun fir dëse Projet unzegoen. Wéi war dat deemols wéi Sie mam Verloscht konfrontéiert waren, wéi geet et hinnen haut? Sie deele mat Iech hier Gedanken, Ängschten an Hoffnungen an erzielen Iech vum Ufank vun hierem Häerzensprojet.

#2 Trauer – schwarz, gro oder faarweg?

An der zweeter Folleg vum Podcast schwëtzen d’Simone Thill an d’Martine Wirtz iwwert Trauer a wat dat esou mam Mënsch mécht.

#3 Kannertrauergruppen

An dëser Folleg zielen d’Simone Thill an d’Christiane Rassel Iech wat de Sënn hannert dëse Gruppen ass a wéi esou Nomëtteger oflafen.

#4 Feierdeeg an Trauer

Wéi erliewen Läit d’Féierdeeg déi an Trauer sin? Kann een sech doroper virbereeden? D’Simone Thill an d’Martine Wirtz schwëtzen iwwert des Themen zesumme mam Betty, enger betraffener Persoun a Mamm vun 3 Kanner.